Journée de la commémoration nationale 2016, Eugène Berger-101
D'Commemoratioun ass am Oktober, um Sonnden deen am notse beim 10. Oktober läit. Se erënnert domat un den Echec vun der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941. Feierlechkeete ginn a ville Gemengen ofgehal, an der Stad Lëtzebuerg sinn et der gläich dräi: Beim Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit um Kanounenhiwwel, bei der Gëlle Fra op der Constitutiounsplaz a beim Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht.
Um Kanounenhiwwel huet de Grand-duc den 9. Oktober 2016 e Kranz néierleeë gelooss an d'Erënnerungsflam vrum Monument raniméiert. No der Heemecht huet hien zesumme mam Chamberpresident, dem Premier an der Stater Buergermeeschtesch d'Monument besicht. Mat der Begréissung vun de Fändeldréier, de Vertrieder vun de patrioteschen Organisatiounen a vun den Holocaust-Affer, den auslänneschen Ambassadeuren, den Autoritéite vu Staat a Gesellschaft an och de Studente vum Stater Kolléisch an der Universitéit goung d'Zeremonie hei zu Enn.
- Den Deputéierten Eugène Berger.
Relevante Artikel
Eugène BergerEugène Berger war ein luxemburgischer Politiker und Bergsteiger. .. weiterlesen